Zum Hauptinhalt wechseln

AED : Demande d'application du taux de 3% TVA (Agrément)

Von "Beiträge zu den Verwaltungsverfahren auf dem Guichet.lu Portal. "

Zum Projekt

Als Entreprise aus dem Handwierks-Beräich ass d'Ufroe vun engem Agrément fir d'Applicatioun vun 3% eng quasi deeglech Aarbecht. Do kommen an engem Joer fir e klenge/mëttlere Betrib bis zu e puer honnert der Ufroen zesummen. Niewent der Prozedur iwwer Pabeier-Formular gëtt et elo och eng Prozedur op Guichet.lu : https://www.services-publics.lu/fpgun-iep-front/activate_service_with_parameters?serviceType=AED_TVALOGEMENT_APPLICATIONDIRECTE Déi Prozedur gesäit allerdéngs just dat manuellt Ausfëlle vun engem Online-Formular vir, wat bedeit, dass ee muss Daten, déi am ERP vun der Entreprise schonn elektronesch zur Verfügung stinn, nach eng Kéier muss antippen. Eng Rei Entreprisen hunn haut schonn d'Méiglechkeet, fir de Pabeier-Formular aus dem ERP eraus ze generéieren, wat deemno déi manuell Saisie onnéideg mécht. Allerdéngs ass bei all Formular-Upassung dann erëm eng Software-Ännerung néideg, wat derzou féiert, dass oft nach déi al Pabeier-Formularen un d'Administratioun geschéckt ginn. Fir dëst méi effektiv ze gestallten, wier eng Iwwermëttlung vun engem strukturéierte Fichier (z.B. XML) eng grouss Erliichterung, entweder iwwer Guichet.lu oder eng aner Plattform vun der Administration de l'Enregistrement et des Domaines. Dëst géif esouwuel d'Aarbecht vun den Entreprisen, wéi och vun der Administratioun signifikant vereinfachen. Dobäi sollt och den Ofschloss vun esou engem Agrément (Clôture no der leschter Rechnung) och iwwer eng elektronesch Iwwermëttlung vun den erfuerderlechen Datë virgesi ginn, well deen haut schonn héich feelerhaft ass an zu vill Frustratioune féiert. https://www.services-publics.lu/fpgun-iep-front/activate_service_with_parameters?serviceType=AED_TVALOGEMENT_MODIFICATIONCLOTUREANNULATION

Offizielle Updates

Letztes Update: 8. Januar 2024

Kommentare

Bitte , um kommentieren zu können.

Teilen

Gepostet von

Aktueller Status

In Betracht gezogen

Themen

Mehrwertsteuer und Unternehmensverfahren > Umständlicher Antrag auf 3% MwSt-Genehmigung