Merci fir Äre Bäitrag.
Di vun Iech opgezielten Dokumenter kënnen effektiv momentan net iwwer MyGuichet.lu ugefrot ginn. Allerdéngs gi verschidde Gemengen hiere Bierger d’Méiglechkeet online en acte de naissance, en acte de mariage oder en acte de décès unzefroen.
Ënnert folgende Linke gesitt Dir, op och Är Gemeng den online-Service ubitt:
Demander un acte de naissance
Demander un acte de mariage
Demander un acte de décès
Wat den acte de divorce ugeet sou kenne mir Iech matdeelen, dass esou en Dokument an sech net wierklech existéiert. De Scheedungsdekret deen an sech un d’Gemeng geschéckt gëtt wou d’Bestietnis zelebréiert gouf (Ausname besti bei Bestietnisser déi am Ausland stattfonnt hunn), gëtt no der Scheedung als Informatioun am acte de naissance an dem acte de mariage ageschriwwen.
Wat d‘Online-Bezuele vun de verschiddenen Zertifikater betrëfft, sou hu mir Äre Virschlag un di zoustänneg Administratioun weidergeleet, déi Är Propose gegebenenfalls bei zukünftegen Entwécklunge berécksiichtege wäert.
Mat frëndleche Gréiss,
Certificat Naissance / Mariage / Divorce / Dece online unfroen kennen
Von "Beiträge zu den Verwaltungsverfahren auf dem Guichet.lu Portal. "
Zum Projekt
Et misst en kennen folgend Dokumenter online unfroen Certificat Naissance / Mariage / Divorce / Dece oder sos nach anerer sou wei et mat den Fescherpermi schons meiglech as .
An eben iwert Paycoing oder Online Banking oder sos iergendwei kennen zu bezuelen .
Offizielle Updates
Letztes Update: 5. Juli 2022
Veröffentlicht am 5. Juli 2022-Letzte Bearbeitung am 5. Juli 2022
Villmools Merci fir Äre Bäitrag!
Mier wäerten en an de kommenden Deeg auswäerten an esoubal wéi méiglech op Iech zeréckkommen.
An der Tëschenzäit kënnt dir d'Kommentare verfollegen an Iech mat aneren Notzer dozou austauschen.
Veröffentlicht am 22. Juni 2022
Kommentare
Bitte , um kommentieren zu können.
Gefällt mir insgesamt: 6, Gefällt mir nicht insgesamt: 0
. Die Beteiligung ist für dieses Projekt derzeit nicht aktiviert. Die Beteiligung ist für dieses Projekt derzeit nicht aktiviert
Teilen
Gepostet von
Aktueller Status
In Betracht gezogen
