Bonjour,
Merci nach eng Kéier fir Äre Bäitrag!
De Ministère fir Digitalisatioun schafft aktuell un ënnerschiddleche Projet‘en op nationalem wie europäeschem Niveau fir, vum Staat zertifiéiert Donnéeën digital a securiséiert austauschen ze kënnen.
D’Ausstelle vun digitalen Attester ass och op europäeschem Niveau an der Veruerdnung vum eIDAS (https://portail-qualite.public.lu/fr/actualites/confiance-numerique/2021/commission-europeenne-publie-proposition-revision-reglement-eidas.html) festgehalen.
An deem Kader huet de GovTechLab d’lescht Joer ënnert anerem den Innovatiounspartenariat mam Titel « Trust my data » lancéiert (https://govtechlab.public.lu/fr/call-solution/2021/trust-my-data.html). Desweidere ass de Ministère och Deel vun Ebsilux. Den éischte Projet vun dësem Partenariat (https://ebsilux.lu) behandelt d’Méiglechkeet Diplomer digital auszestellen.
Weider Informatioune fannt Dir hei:
https://ec.europa.eu/info/strategy/priorities-2019-2024/europe-fit-digital-age/european-digital-identity_de
https://edps.europa.eu/press-publications/publications/podcasts/eu-digital-identity-wallet-episode-1-overview_en
Den digitalen Austausch vun offiziellen Dokumenter ass e wichtege Pilier un deem de Ministère fir Digitalisatioun schafft fir de Bierger en zäitgeméissen a benotzerfrëndleche Service ze bidden.
Mat frëndleche Gréiss,
« Digitale Portemonnaie » an der myGuichet App
Von "Beiträge zu den Verwaltungsverfahren auf dem Guichet.lu Portal. "
Zum Projekt
Et kéint een iwwert d’myGuichet App all d’perséinlech Identifikatiounsdokumenter zur Verfügung stellen : Carte d’Identité, Führerschäin, CCSS-Kaart.
Esou hätt all Bierger, dee myGuichet an d’myGuichet App huet, och direkt all seng wichteg Dokumenter digital an mat just e puer Klicks grëffbereet. D’myGuichet App kéint ausserdeem mat de bestoende Funktionaliteite vun den Smartphone-OS interageieren fir nach méi e séieren Zougreff op d’Dokumenter ze garanteieren.
Eng aner Méiglechkeet wier et, des Dokumenter iwwer Apple Wallet oder Google Wallet zur Verfügung ze stellen. An den USA ass dat zB mam nächste Release vun Apple iOS16 geplangt.
Offizielle Updates
Letztes Update: 21. Juni 2022
Veröffentlicht am 21. Juni 2022
Villmools Merci fir Äre Bäitrag!
Mier wäerten en an de kommenden Deeg auswäerten an esoubal wéi méiglech op Iech zeréckkommen. An der Tëschenzäit kënnt dir d'Kommentare verfollegen an Iech mat aneren Notzer dozou austauschen.
Veröffentlicht am 10. Juni 2022
Kommentare
Bitte , um kommentieren zu können.
Teilen
Gepostet von
Aktueller Status
Akzeptiert
Themen
Digitale Identität und Authentifizierung > Digitaler Personalausweis und Dokumente in einer mobilen Wallet
