Zum Hauptinhalt wechseln

Ihre Cookie-Einstellungen - Zesumme Vereinfachen

Durch das Akzeptieren von Cookies können wir diese Plattform verbessern. Unsere Cookie-Richtlinie lesen.

Zesumme Vereinfachen Startseite
  • Startseite
  • FAQ
  • Über uns

Patrick Weyrich

Mitglied seit 23. November 2023

Alle von diesem Teilnehmenden eingereichten Beiträge

Beliebt Ideen haben geladen.

Autosteier fir Camionen & Eurovignette

Patrick Weyrich•vor 3 Jahren Bei der Opfuerderung fir d'Autossteier fir Camionen iwwer 12 Tonnen d'Méiglechkeet schafen, dass do och direkt d'Euro-Vignette mat bezuelt ka ginn, sou dass dat net separat an der Entreprise muss iwwerwaacht ginn. Deemno géifen 2 getrennten administrativ Prozesser zesummegeluecht ginn. Den Opruff fir d'Autossteier kéint dann z.B. folgendermoossen ausgesinn: * 537,00 € pour 12 mois avec Eurovignette (camion seul) (+ ***,** €) avec Eurovignette (camion + remorque) (+ * ***,** €) * 273,00 € pour 6 mois avec Eurovignette (camion seul) (+ ***,** €) avec Eurovignette (camion + remorque) (+ ***,** €) D'Date vum Gefier fir d'Bestëmmung vum Präis vun der Eurovignette sinn der Administratioun jo bekannt (EURO-Norm, Unzuehl vun den Achsen). Dëst wier selbstverständlech just fir Lëtzebuerger Immatrikulatioune méiglech. All déi anere mussen d'Eurovignette iwwer deen normale Wee bezéien.

AED : Demande d'application du taux de 3% TVA (Agrément)

Patrick Weyrich•vor 3 Jahren Als Entreprise aus dem Handwierks-Beräich ass d'Ufroe vun engem Agrément fir d'Applicatioun vun 3% eng quasi deeglech Aarbecht. Do kommen an engem Joer fir e klenge/mëttlere Betrib bis zu e puer honnert der Ufroen zesummen. Niewent der Prozedur iwwer Pabeier-Formular gëtt et elo och eng Prozedur op Guichet.lu : https://www.services-publics.lu/fpgun-iep-front/activate_service_with_parameters?serviceType=AED_TVALOGEMENT_APPLICATIONDIRECTE Déi Prozedur gesäit allerdéngs just dat manuellt Ausfëlle vun engem Online-Formular vir, wat bedeit, dass ee muss Daten, déi am ERP vun der Entreprise schonn elektronesch zur Verfügung stinn, nach eng Kéier muss antippen. Eng Rei Entreprisen hunn haut schonn d'Méiglechkeet, fir de Pabeier-Formular aus dem ERP eraus ze generéieren, wat deemno déi manuell Saisie onnéideg mécht. Allerdéngs ass bei all Formular-Upassung dann erëm eng Software-Ännerung néideg, wat derzou féiert, dass oft nach déi al Pabeier-Formularen un d'Administratioun geschéckt ginn. Fir dëst méi effektiv ze gestallten, wier eng Iwwermëttlung vun engem strukturéierte Fichier (z.B. XML) eng grouss Erliichterung, entweder iwwer Guichet.lu oder eng aner Plattform vun der Administration de l'Enregistrement et des Domaines. Dëst géif esouwuel d'Aarbecht vun den Entreprisen, wéi och vun der Administratioun signifikant vereinfachen. Dobäi sollt och den Ofschloss vun esou engem Agrément (Clôture no der leschter Rechnung) och iwwer eng elektronesch Iwwermëttlung vun den erfuerderlechen Datë virgesi ginn, well deen haut schonn héich feelerhaft ass an zu vill Frustratioune féiert. https://www.services-publics.lu/fpgun-iep-front/activate_service_with_parameters?serviceType=AED_TVALOGEMENT_MODIFICATIONCLOTUREANNULATION
  • Nutzungsbedingungen
  • Impressum & Datenschutz
  • Cookierichtlinie
  • Richtlinie zur Barrierefreiheit
  • Sitemap
Ermöglicht durchGo Vocal, ehemals CitizenLab