Et freet eis Iech matdeelen ze kennen, dass aktuell un engem Projet vun den Autossteier (fir personnes morales) geschafft gëtt. Momentan kenne mir awer net matdeelen op dësen schonn d‘Zesummeleeë vun den zwee, vun Iech beschriwwene, Prozesser beinhaltet oder an enger spéiderer Versioun dobäikennt.
Mir soen Iech Merci fir Är Contributioun, déi mir fir weider Entwécklungen a betruecht zéien.
Mat frëndleche Gréiss,
Autosteier fir Camionen & Eurovignette
From "Contributions to the administrative procedures on the Guichet.lu portal."
Go to the project
Bei der Opfuerderung fir d'Autossteier fir Camionen iwwer 12 Tonnen d'Méiglechkeet schafen, dass do och direkt d'Euro-Vignette mat bezuelt ka ginn, sou dass dat net separat an der Entreprise muss iwwerwaacht ginn. Deemno géifen 2 getrennten administrativ Prozesser zesummegeluecht ginn.
Den Opruff fir d'Autossteier kéint dann z.B. folgendermoossen ausgesinn:
* 537,00 € pour 12 mois
avec Eurovignette (camion seul) (+ ***,** €)
avec Eurovignette (camion + remorque) (+ * ***,** €)
* 273,00 € pour 6 mois
avec Eurovignette (camion seul) (+ ***,** €)
avec Eurovignette (camion + remorque) (+ ***,** €)
D'Date vum Gefier fir d'Bestëmmung vum Präis vun der Eurovignette sinn der Administratioun jo bekannt (EURO-Norm, Unzuehl vun den Achsen).
Dëst wier selbstverständlech just fir Lëtzebuerger Immatrikulatioune méiglech. All déi anere mussen d'Eurovignette iwwer deen normale Wee bezéien.
Official updates
Last update: 11 December 2023
Posted on 11 December 2023-Last edited on 11 December 2023
Villmools Merci fir Äre Bäitrag!
Mier wäerten en an de kommenden Deeg auswäerten an esoubal wéi méiglech op Iech zeréckkommen.
An der Tëschenzäit kënnt dir d'Kommentare verfollegen an Iech mat aneren Notzer dozou austauschen.
Posted on 23 November 2023
Comments(3)
Please to comment.
Most recent comments have loaded.
Profile of André Weil
Posted by:André Weil
3 years ago
Excellente idée
Profile of Patrick Weyrich
Posted by:Patrick Weyrich
3 years ago
Merci!
Profile of Jan-Antoine THOMMES
Posted by:Jan-Antoine THOMMES
3 years ago
Sehr guter Vorschlag.
Share
Posted by
Current status
Taken into consideration
Tags
VAT and business procedures > Tedious 3% VAT approval request process
