Merci nach eng Kéier fir Äre Beitrag.
Aktuell ass net virgesinn duerch e Knäppchen am MyGuichet.lu den ënnerschiddlechen Administratiounen d’Méiglechkeet ze ginn selwer en Certificat ze generéiere fir eng Demarche ofzeschléissen.
Dir hutt allerdéngs aktuell schonn d’Méiglechkeet am MyGuichet.lu Är selwer generéiert Dokumenter am Beräich „mes documents“/ „Meine Dokumente“ ofzespäicheren an ze stockéieren. Des kënnen dann bei Demarchen ugehaange ginn an d‘Administratioun kann esou op déi iwwermëttelt Dokumenter zougräifen.
De CTIE (Centre des Technologies de l’information de l’État) berécksiichtegt Är Propose fir déi weider Entwécklung vun de Funktionalitéite vum MyGuichet.lu.
Mat frëndleche Gréiss,
Dokumenter & Donnéen anere Verwaltungen accessibel maachen
From "Contributions to the administrative procedures on the Guichet.lu portal."
Go to the project
Fir verschidden Démarchen muss een en Dokumenter uginn, déi een op myGuichet geneiere kann (zB Casier judiciaire, Certificat de résidence, certificat d’affiliation, certificat de rémunération), an da schlëmmstefalls printen wann et sech em eng Pabeierdémarche handelt.
Kann ee net e Knäppchen an den myGuichet Account setzen (wei beim eDelivery), deen den Administratiounen d’Meiglechkeet fräischalt, sech bei Démarchen esou een Certificat ze generéieren? Domat géing ee jo den Zougrëff op des Donnéen jo explizit eelaaben. An de User spuert Zäit well e manner Piècen fir säin Dossier organiseiere muss.
Official updates
Last update: 19 May 2023
Posted on 19 May 2023
Villmools Merci fir Äre Bäitrag!
Mier wäerten en an de kommenden Deeg auswäerten an esoubal wéi méiglech op Iech zeréckkommen. An der Tëschenzäit kënnt dir d'Kommentare verfollegen an Iech mat aneren Notzer dozou austauschen.
Posted on 20 March 2023
Comments
Please to comment.
Share
Posted by
Current status
Taken into consideration
Tags
Certificates and administrative documents online > Affiliation certificate not accessible on MyGuichet
Centralisation and data sharing between administrations > Already known documents requested again
