Skip to main content
Zesumme Vereinfachen Home

Rechnung iwwer myGuichet

From "Contributions to the administrative procedures on the Guichet.lu portal."

Go to the project

* d'Gemengen hunn e Problem mat de Rechnungen, déi ech an mengem berufleche Beräich erstellen: Vu datt eis asbl keng TVA-Nummer huet, kräizen ech déi Case esou un - mee an de Gemengen kann dat dann net automatesch an de System goen, si mussen se manuell eran huelen, obwuel dat net virgesinn ass.

* wann ech Rechnungen erstellen, datt gëtt et Felder, déi ech ëmmer erëm muss ausfëllen, obwuel se am Profil renseignéiert sinn: z.B. meng Adress, meng Telefonsnummer

* et ass net méiglech d'Konto-Nummer vun der asbl am Profil anzeginn (obwuel et virgesinn ass, mee et funktionnéiert net) - och dat ass lästeg fir se ëmmer erëm missen eranzekopéieren

* et wär sënnvoll, d'TVA-Nummer, oder eben datt e keng huet, am Profil kënnen festzeleeën

* et wär sënnvoll, datt dir d'Adressen vum Empfänger (déi äre System jo kennt) scho géift proposéieren. Besonnesch wou et ganz vill Gemenge gëtt, déi net mat enger physescher Adress funktionnéieren, mee mat enger boite postale. Fir eng boite postale muss een all Kéier uklicken, datt een d'Adress net fonnt huet, an se integral op der Hand antippen

*et wär sënnvoll, dat just 1 Email pro Rechnung eraus geet (amplaz elo 3), dat géif 2/3 vum duerch den Datentraffic generéierten CO2 spueren

Official updates

Last update: 8 January 2024

Comments

Please to comment.
Total likes: 2, total dislikes: 0
. Reacting is currently not enabled for this project. Reacting is currently not enabled for this project

Share

Current status

Taken into consideration