Villmools Merci fir Äre Bäitrag!
Deen een oder anere Punkt ass aktuell an der Ausaarbechtung oder schonn implementéiert (zum Beispill dass den CNS-Remboursement automatesch vun der Rechnung an der Apdikt ofgehale gëtt), déi aner goufen un di betraffen Administratiounen weidergeleet fir ënnersicht ze ginn.
An der Tëschenzäit kënnt dir d'Kommentare verfollegen an Iech mat aneren Notzer dozou austauschen.
100%-Digitaliséierung vun Ordonnancen
Dans le cadre de « Contributions concernant les démarches présentes sur le portail Guichet.lu »
Accéder au projet
d'Ordonnancen kéinte komplett digital geréiert ginn :
- den Dokter erstellt d'Ordonnance iwwert säi Programm an d'Donnéen ginn op e securiséierte Server gesat
- De Patient geet an d'Apdikt vu sengem Choix, den Apdikter kann d'Ordonnance op sengem Programm opruffen nodeems de Patient seng Matricule matgedeelt huet
- Den CNS-Remboursement kann automatesch vun der Rechnung ofgehale ginn, de Patient muss just nach de Rescht bezuelen
- Eventuell kann een en Interface virgesinn fir mat den Zousazkrankeversecherungn (zB DKV) ze kommunizéieren
- den Ofrechungsprozess fir d'Apdikter an hir Communicatioun mat der CNS wiere komplett digitaliséiert
Virdeeler :
- jideree spuert Pabeier (den Dokter muss näischt mei printen)
- et muss kee méi de Pabeier geréieren
- Zäiterspuernis fir jiddereen
Mises à jour officielles
Dernière mise à jour : 13 mai 2022
Posté le 13 mai 2022
Commentaires(8)
Vous devez vous pour commenter.
Des commentaires ont été chargés dans l'ordre suivant : Plus récents.
Profil de Roland Munhowen
Publié par:Roland Munhowen
il y a 3 ans
Desen Wee ass dén richtegen.
Et brauch en keen Handi, an säin Matricul oder CNS Card huet jideren bei sech. Brawo.
Profil de Giuseppe Ungolo
Publié par:Giuseppe Ungolo
il y a 4 ans
Während dem Lockdown war ech krank ginn an dann hat ech eng teleconsultatoin menger Hausdoktedch. Do huet et gefrot wou se d'Ordonnance per fax schécken sollt. Ech kommen do un an d'Commande war fäerdeg an enger Tut agepaakt. Virwaat as dat 2020 gaangen an elo net méi wou een sech an der Schlaang setzt, seng Ordonnance ofgëtt an dann gëtt ugefaangen d'Medikamenter ze sichen.
Profil de Roland Munhowen
Publié par:Roland Munhowen
il y a 4 ans
Des Vereinfachung fir den Dokter an de Patient ass évident, den Aptikter mist dann awer och Identitéitskart froen, oder? wéi geht dat wann d'Ordonance vun engem Médikament verlängert muss ginn?
Publié par:auteur inconnu
il y a 4 ans
Den Apdikter misst dann effektiv d’Matricule froen. Bei enger Verlängerung wier de System de selwechten (des Informatiounen kéinte jo och am selwechte System zur Verfügung stoen).
Profil de Paul Krippler
Publié par:Paul Krippler
il y a 4 ans
A Schweden sait Joren üblech. Eng gudd Propose.
Profil de André Weil
Publié par:André Weil
il y a 4 ans
très bonne idée
Profil de Patrick Hurst
Publié par:Patrick Hurst
il y a 4 ans
Esou wir ët och vill méi einfach fir de Patient, per QR-Code resp. an enger App een rdv bei engem Spezialist ze froën, rembourséiert ze ginn, asw.
Profil de Giuseppe Ungolo
Publié par:Giuseppe Ungolo
il y a 4 ans
Et as esou wou et sollt sinn an ech mer dat 2022 virstellen.
Total des j'aime : 17, total des je n'aime pas : 0
. Les réactions ne sont actuellement pas activées pour ce projet. Les réactions ne sont actuellement pas activées pour ce projet
Partager
Publié par
Statut actuel
Prise en considération
