Aller directement au contenu principal
Zesumme Vereinfachen Accueil

E-Voting iwwer myGuichet

Dans le cadre de « Contributions concernant les démarches présentes sur le portail Guichet.lu »

Accéder au projet

Et kéint een während de Walen de Bierger d’Méiglechkeet ginn hir Stëmm iwwer myGuichet ofzeginn (hei kéint ee sech un Estland inspiréieren wou et dese System scho säit e puer Jore gëtt).

Parallel dozou kéinten d’Walbureauen mat Bornen equippéiert ginn, déi de Pabeier géingen ersetzen.

Virdeeler:

  • 100% paperless
  • d’Auszielung leeft automatesch, de Prozess brauch also manner Leit an et kann een op laang Dauer Käschte spueren
  • d’Resultater kënne méi séier ausgewäert ginn
  • d’Feelerquote ass méi geréng beim Auszielen
  • d’Unzuel vun den ongültege Stëmmen kéint reduzéiert ginn duerch e contrôle instantané am Formular
  • Lëtzebuerg kéint doranner als digital Natioun eng Virreiderroll spillen fir aner Länner (den eVoting ass nach net esou wäit verbreet)

Mises à jour officielles

Dernière mise à jour : 11 mai 2022

Commentaires(5)

Vous devez vous pour commenter.
Des commentaires ont été chargés dans l'ordre suivant : Plus récents.
Wa mir an d'elektronescht Vote géife goen, wier et dann am léifsten deen nächste Schrëtt ze huelen, nämlech datt all Bierger fir all Gesetzer stëmmen an datt Vertrieder net méi méi wéi 'Exekutanten' sinn; d'Spiller vun Computer Hacking wier dann manner. Diskutéiert mat IT Manager fir d'Problemer iwwer Vereinfachung fir 2 Deeg am Joer ze verstoen. Denkt un de Rackett géint de Cactus virun e puer Méint. De Rackett vun der héchster Autoritéit vun eisem Land soll mat Vorsicht ugesinn ginn. Wéi schlecht gefëllte Bulletinen existéieren Computerbugs an all Software, awer de Pabeier huet net d'Sécherheetspatches ...; Wien wäert fir dës Feeler verantwortlech sinn? Hu mir genuch IT Experten fir all dës zousätzlech Themen ze handhunn? Offiziell Berichter aus equipéierte Länner weisen op eeschte Feeler an der Qualitéit vun der Software, d'Schwieregkeet oder d'Onméiglechkeet et ze kontrolléieren, Ofhängegkeet vun dësen Déngschtleeschter, andeems se d'Konkurrenz net an d'Spill bréngen, Interessekonflikter... zur Reflexioun
  • pas de j'aime
Profil de André Friden
Publié par:André Friden
il y a 4 ans
Eent ass sécher, mat der Digitaliséierung falen all déi „falsch“ ausgefëllten Ziedelen ewech. Bei deene ville Walsystemer, déi bei den integréierte Bierger eng Gewunnecht waren, kënnt en digitale Walziedel eng grouss Hëllef sinn. Vläicht ginn et dann och manner net komplett ausgefëllte Walziedelen. Bemierkungen an esouguer Frechheete sinn dann och net méi méiglech.
  • 1 j'aime
Profil de Marc Wenner
Publié par:Marc Wenner
il y a 4 ans
Wa mir emmer rem de piratage färten komme mir guer nët virun.
  • 2 j'aime
Dat ass ee gutt Idee awer de Risiko vu Piratage ass immenz, an ze gefährlech fir eis Demokratie. Besser ze bléiwen ouni E-Vote !
  • pas de j'aime
Publié par:auteur inconnu
il y a 4 ans
dee Risiko besteet am Prinzip bei all Flux deen een digitaliséiert. D’Fro ass just, ass de Risiko vum Hacking méi grouss wéi de Risiko vun enger Fraude / engem Feeler beim manuellen Auszielen vun de Stëmmen?
  • 1 j'aime
Total des j'aime : 12, total des je n'aime pas : 0
. Les réactions ne sont actuellement pas activées pour ce projet. Les réactions ne sont actuellement pas activées pour ce projet

Partager

Publié par

auteur inconnu, le 9 mai 2022

Statut actuel

En phase d'évaluation