Aller directement au contenu principal
Zesumme Vereinfachen Accueil

marché public: virwaat nach eng Publicatioun an enger Zeitung?

Dans le cadre de « Contributions concernant les démarches présentes sur le portail Guichet.lu »

Accéder au projet

Gudde Metteg, Fir eng Publicatioun vun enger Soumissioun um Portail des marchés public ze maachen, mussen mir als SNHBM en plus eng Zeitung erauswielen wou deen Avis och muss vereffentlecht gin. Fir mech ass deen Avis an enger Zeitung awer net mei zaitgemäss an kascht eis pro Joer mei wei 50.000 euros! All Entreprisen dei un enger Soumissioun publique deel huelen, mussen daat iwert de Portail maachen. Deemno huet all Entreprise och do en Accès. D'Gesetz schreiwt awer fir dass mir och emmer eng Publicatioun an enger Zeitung mussen maachen. Virwaat ass daat nach sou? Mir liewen an engem digitalen Zaitalter an de Staat well alles digitaliseieren an daat ass och gutt sou. Wei ass et dann meiglech dass mir eng Zeitung MUSSEN auswielen wou deen Avis nach publizeiert gett? Fir mech ass dei Obligatioun eng verstoppten Pressehellef an huet absolut soss keen Notzen. Meng Fuerderung ass deemno dass dei obligatoresch Publicatioun an enger Zeitung direkt muss ofgeschaaf gin. All Informatiounen sin um Portail des marchés public souwisou disponibel fir all Entreprise! Merci fir dei simplification administrative schnell emzesetzen! Guy Entringer, Direkter vun der SNHBM

Mises à jour officielles

Dernière mise à jour : 3 novembre 2025

Commentaires(1)

Vous devez vous pour commenter.
Des commentaires ont été chargés dans l'ordre suivant : Plus récents.
Profil de Paul Krippler
Publié par:Paul Krippler
il y a 3 ans
Gudde Mëtteg, gudd Initiativ well dëst zum Beispill jo och nët obligatoresch ass fir europäesch Institutiounen déi och europawait ausschreiwen via. ted.europa.eu a nët mussen an der Zeitung publizéieren, an dëst an engem verglaichbare Kader.
  • pas de j'aime

Partager

Publié par

Statut actuel

Prise en considération

Étiquettes

Digitalisation des démarches administratives > Démarches encore papier malgré la possibilité de digitalisation