Selwecht digital Rechter fir Tuteuren a Curateuren: Upassung vu GuichetLU néideg
Dans le cadre de « Contributions concernant les démarches présentes sur le portail Guichet.lu »
Accéder au projet
Moien,
Mir sinn d’Eltere vun engem 18 Joer ale Bouf, deen ënnert eiser Tutelle steet.
Doduerch kann Hien Servicer vu Guichet.lu net notzen.
Kéint Dir do w.e.g. dat esou änneren ewei bei de Banken.
Do schalt den Tuteur sech normal op säin Bankkonto op, an iwwert säin eegnen Account kann Hien dann der Persoun iwwert déi hien Tuteur ass, där hiren Persoun Kont verwalten.
Genau dat bräichten mir och fir Guichet.lu.
Ech schalte mech mat mengen Token ob mäin Guichet.lu, an dann dono wielen ech do déi Persoun, fir déi ech Zoustänneg sinn einfach aus, fir seng Demarchen ze maachen.
Soss ass hien als Persoun mat spezielle Besoine komplett vun dëser Digitalisatioun ausgeschloss, an ech kann dann als Tuteur iwwerall hireesen, well ech mol net en einfache Certificat de Residence fir Hien erofluede kann, oder ewéi elo, Kontosnummer bei der CNS iwwerpréiwen.
Et ass wichteg fir eis, datt mir esou séier wéi méiglech Zougang zu dëse Servicer kréien, well et eis erlaabt, déi néideg administrativ Aufgaben fir Leit de ennert Curatell/Tutell stinn ze erleedegen.
Ech fannen, datt d'aktuell Situatioun diskriminéierend ass, well et Persounen mat speziellen Besoinen vun der Digitalisatioun ausschléisst. Des Ufro hunn ech och schonns un Politik weiderginn.
Ech brauch och keng Analysen heizou, mee dat et Séier ëmgesat gëtt.
Merci fir Är Hëllef a Versteesdemech.
MbG,
Alain MAUER
