Wiesselt op den Haaptinhalt
Zesumme Vereinfachen Home

Informatiounsowend

Vun "Klima-Sozialplang"

Gitt op de Projet

Maacht mat beim Informatiounsowend iwwer d’Ziler vun der ëffentlecher Konsultatioun am Kader vum Klima-Sozialplang

Am Kader vum Klima-Sozialplang, fënnt eng ëffentlech Konsultatioun vum 29. Oktober 2025 bis de 16. Januar 2026 op der Websäit zesumme-vereinfachen.lu statt.

D’Zil vum Informatiounsowend ass et, d‘Mesuren aus dem Avant-projet vum Klima-Sozialplang virzestellen – en zentraalt Instrument, fir benodeelegt Haushalter a Mikroentreprisë bei den Erausfuerderunge vun der ökologescher Transitioun ze ënnerstëtzen.

Firwat sollt Dir deelhuelen?

  1. Gidd gewuer, wéi Lëtzebuerg benodeelegten Haushalter a Mikroentreprisë bei de steigende Käschte fir fossill Brennstoffer ënnerstëtze wëll.
  2. Deelt Är Erfarungen, Iddien an Uleies mat fir d’Politik aktiv matzegestalten.
  3. Drot zu enger nohalteger a gerechter Zukunft bäi, an där keen zeréckgelooss gëtt.

Praktesch Informatiounen & Umeldung

1.      Den Informatiounsowend ass op fir jiddereen a fënnt op Lëtzebuergesch statt, mat simultaner Iwwersetzung op Franséisch an Englesch.

2.      Umeldung erwënscht: https://www.klima-agence.lu/klima-sozialplang

3.      Déi ëffentlech Konsultatioun ass fir jiddereen op an online zougänglech vum 29. Oktober 2025 bis de 16. Januar 2026.

Den Informatiounsowend esou wéi déi ëffentlech Konsultatioun, ginn organiséiert vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, zesumme mam Wirtschaftsministère an der Klima-Agence.

Event Datum: November 19., 2025 vun 17:00 Auer bis 18:30 Auer.

Plaz

2, Circuit de la Foire, L-1347 Luxembourg

Unable to display map. WebGL2 support is required.
Ensure that your browser and hardware meet the minimum requirements.
https://esriurl.com/webgl-faq
Powered by Esri
Event Datum an Zäit

Deelt dësen Event