Wiesselt op den Haaptinhalt
Zesumme Vereinfachen Home

Demande fier eng Prime fier een elektreschen Velo.

Vun "Bäiträg iwwer d'Demarchen déi op Guichet.lu drop sinn."

Gitt op de Projet

Dei Démarche misst een kennen online machen. Leider muss een den Pabéier printen waat net ganz ekologesch ass an dann mat der Post schecken.

Leider sin dei meecht Démarchen um Guichet.lu net richteg online. Et saiséiert een, schecken elektronesch un d'Administratioun an dann tippt do een dei Demande an den Computer oof. Den Délai vum Traitement get net verkierzt. Esou Demanden missten kennen richteg Online gemaat gin an d'Administratioun misst just d'Informatiounen validéieren respektif misst se keinten verbesseren.

Offiziell Updaten

Leschten Update: July 19, 2023

Kommentaren(1)

Wgl. fir ze kommentéieren.
Déi lescht Kommentarer sinn gelueden.
An deem Kontext ass mer haut opgefall, datt ech op MyGuichet.lu keng Äntwert vun der Ëmweltverwaltung stoen hunn, nodeems ech eng Demande fir ee Vëlossubside per Post eragereecht hunn. Si hu mer een Accusé de réception gemailt (an ech hu en iwwersinn oder en ass am Spam geland). Perséinlech géiff ech et gutt fannen, wann d'Äntwerten (per opt-in) automatesch iwwert MyGuichet geschéckt ginn (sou wéi et beim Remboursement vun den Dokteschrechnungen de Fall ass).
  • keng Likes
Total Likes: 6, Total Dislikes: 0
. Reaktioun ass de Moment net fir dëse Projet aktivéiert. Reaktioun ass de Moment net fir dëse Projet aktivéiert

Deelen

Gepost vun/vum

Aktuelle Status

Akzeptéiert