Sproochenpreferenz am Profil op Guichet.lu
Vun "Bäiträg iwwer d'Demarchen déi op Guichet.lu drop sinn."
Gitt op de Projet
D Verwaltung muss jo an der Sprooch äntweren déi vun engem Bierger gewielt gëtt (LU,DE,FR). Dowéinst wär et jo gutt wa mir um guichet.lu eis Sproochenpräferenz kéint ugi fir dat Verwaltunge kéinten direkt Bréiwer an aner Kommunikatioun an der Sprooch schicken. Am Moment ginn all Kommunikatiounen fir'd éischt ob Franséisch geschéckt an ech mussen dann dacks eng separat Ufro maache fir dat ech et kann op LU oder DE kréien. D'Verwaltunge schicken mer dann d'selwecht Bréif nach eng kéier op der Sprooch di ech gewielt hunn. Dat ass net effizient oder benotzerfrëndlech an et dauert laang.
Wann d'Verwaltung kéint direkt um guichet.lu gesinn dat ech meng Kommunikatioun an enger bestëmmt Sprooch wëll hunn, da wär de Sproochegesetz och vill mei besser ugewant.
