
Accessibilitéit vun de Wale fir Jiddwereen
Den Zougang zu Informatiounen iwwer d'Walen erliichteren!
Wielen ass en Akt, deen et Leit mat enger Behënnerung erméiglecht, hir politesch Rechter effektiv auszeüben an un der Wal vun hire Vertrieder deelzehuelen, déi Entscheedungen huelen déi si betreffe kënnen. An der Praxis ginn et awer nach ëmmer Hindernisser fir dat effektiivt Ausübe vun hire Rechter. Wéi am Artikel 29 vun der UNO-Konventioun iwwer d'Rechter vu Persoune mat Behënnerung (CRDPH) steet, muss de Staat dofir suergen, datt hien den Zougang zu de Walen erliichtert. Dat geschitt ënner anerem duerch Prozeduren, déi fir jiddereen accessibel sinn.
Aus deem Grond huet de Ministère fir d'Familljen, d'Integratioun an d'Groussregioun 2017 en Aarbechtsgrupp gegrënnt, deem säin Optrag et ass d'Recommandatioune vum CRDPH Expertecomité iwwer d'Participatioun um politesche Liewen a besonnesch iwwer d'Accessibilitéit vun de Wale fir Leit mat enger Behënnerung, ëmzesetzen.
Fir d'Walmaterial, dat fir d'Walen 2023 entwéckelt gëtt, an den Zougang zu de Walen nach méi benotzerfrëndlech ze gestalten, ass d'Ënnerstëtzung vun alle Bedeelegten néideg - de Wieler wéi och de Gemengen, déi fir d'Organisatioun vun de Walen zoustänneg sinn.
De Projet ass an zwou Phasen opgedeelt:
- An enger éischter Phase - exklusiv fir d'Gemengen - ginn d'Gemengen opgefuerdert un enger Ëmfro deelzehuelen.
- An enger zweeter Phase ass et un der Allgemengheet hir Meenung zu spezifeschen Aspekter auszedrécken.
Schlussendlech ginn d'Resultater souwéi déi konkret Mesuren zur Accessibilitéit vun de Wale fir Leit mat enger Behënnerung presentéiert.
Phasen
Meenungen vun de Bierger
Hëlleft eis den Inventaire ze maachen vun de bestoenden Moossnamen um Gemengenniveau, fir d'Wale méi zougänglech ze maachen an d'Walmaterial, wat vum Aarbechtsgrupp fir d'Walen 2023 erstallt gëtt, fir Leit mat enger Behënnerung unzepassen.
Ënnerstëtzt eis, andeems Dir eis Är Meenung an Är Virschléi zu spezifeschen Aspekter vum Thema Accessibilitéit am Zesummenhang mat de Walen gitt.
[PT]
Opinião dos cidadãos
Para poder elaborar um inventário das instalações existentes a nível dos municípios para tornar as eleições mais acessíveis, bem como para adaptar ou mesmo melhorar o material eleitoral destinado às pessoas com deficiência, que está a ser preparado pelo grupo de trabalho para as eleições de 2023, o seu apoio é necessário.
Pode ajudar-nos dando-nos a sua opinião e sugestões sobre aspectos específicos relacionados com o assunto da acessibilidade nas eleições.
6 Bäiträg
Filteren
Gesamtzuel Bäiträg: 6Keng Wäerter verfügbar.






