
Verbessere vun der Navigatioun op MyGuichet.lu
De CTIE (Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat) wëll d'Navigatioun vum MyGuichet.lu verbesseren a schafft dowéinst un der Adaptatioun vum Menü vum Portal. An dësem Kontext invitéiere mir Iech bis den 1. Juli 2022 un engem Notzertest deelzehuelen fir Är Perceptioun an Är Erwaardungen am Bezuch op d'Navigatioun kennen ze leieren.
Zil vun dësem Test ass, erauszefannen, a wat fir Rubriken Dir no wat fir engem Inhalt sicht. Mat der Participatioun un dësem Notzertest, ënnerstëtzt Dir de CTIE dobäi, Är Navigatiounslogik op MyGuichet.lu besser ze verstoen. Nëmme mat Ärer Ënnerstëtzung kann de Portal verbessert a besser un Är Bedierfnesser ugepasst ginn.
Fir um anonymmen Test dee ronn 15 Minutten dauert deelzehuelen, gitt Dir op Uxtweak weider geleet.
Merci villmools!
