Wiesselt op den Haaptinhalt
Zesumme Vereinfachen Home
Leider kënnt Dir net méi un dësem Projet deelhuelen well en archivéiert gouf en well e gouf archivéiert

Wat haalt Dir vun der MyGuichet.lu App? 

Mir lueden Iech an eis Är Virschléi an Iddien zu der neier MyGuichet.lu App matzedeelen.             

Dir kënnt un der Entwécklung vun den zukünftege Funktionalitéiten vun der mobiller App bäidroen andeems Dir:

  • un enger Zefriddenheetsëmfro deelhuelt,
  • Feedback zu aktuelle Funktionalitéite gitt,
  • Iddie proposéiert an iwwer d'Entwécklung vun zukünftege Funktionalitéiten ofstëmmt. 
Dir gesitt Echtzäitdaten. D'Zuel vun de Participanten gëtt kontinuéierlech fir Administrateuren aktualiséiert. Notéiert w.e.g. datt regelméisseg Benotzer cachedaten gesinn, wat zu liicht Differenzen an den Zuelen resultéiere kann.
294 Participanten

Phasen

Iwwersiicht vun de Phases
Phas 1: Zefriddenheetsëmfro
Zefriddenheetsëmfro
Phas 2: Är Meenung zu der Rubrik "Meine Dokumente"
Är Meenung zu der Rubrik "Meine Dokumente"
Phas 3: Är Bäiträg zu den aktuelle Funktionalitéiten
Är Bäiträg zu den aktuelle Funktionalitéiten
Phas 4: Analyse vun de Bäiträg
Analyse vun de Bäiträg
Phas 5: Réckmeldung zu de gemaachene Bäiträg
Réckmeldung zu de gemaachene Bäiträg

Zefriddenheetsëmfro

8. Februar 2022 11:00 PM - 21. Juni 2022 10:00 PM

Mir lueden Iech an eis Är Meenung iwwer d'MyGuichet.lu App matzedeelen fir Iech eng App unzebidden déi Äre Besoinen entsprécht. 

Heifir biede mir Iech, eis e puer Froen iwwer Är Benotzung an allgemeng Perceptioun vun der App ze beäntwerten.

D'Froen enthale schonn e puer Virschléi vu Benotzer (z.B. Noriichten oder Froen déi un den Helpdesk vun der App geschéckt goufen).

Duerno analyséiere mir Är Äntwerte fir eventuell Adaptatiounen oder zukünfteg Entwécklungen. 

Merci fir Är Ënnerstëtzung.

Ëmfro

1Firwat hutt Dir d'App erofgelueden? 

2Hutt Dir am Virfeld op Guichet.lu no Informatiounen iwwert de Fonctionnement vun der App gesicht? 

3Hutt Dir den Helpdesk vum CTIE (Centre des technologies de l'information de l'Etat) gebraucht? 

4D'Installatioun vun der mobiler App war

5D'Kopplung vun Ärem MyGuichet.lu Kont mat Ärem Smartphone / Tablet war 

6Hutt Dir schonn eng Demarche iwwer d'MyGuichet.lu App gemaach?

7A wéi enger Sprooch benotzt Dir d'App?