Wiesselt op den Haaptinhalt
Zesumme Vereinfachen Home
Leider kënnt Dir net méi un dësem Projet deelhuelen well en archivéiert gouf en well e gouf archivéiert

Wat haalt Dir vun der MyGuichet.lu App? 

Mir lueden Iech an eis Är Virschléi an Iddien zu der neier MyGuichet.lu App matzedeelen.             

Dir kënnt un der Entwécklung vun den zukünftege Funktionalitéiten vun der mobiller App bäidroen andeems Dir:

  • un enger Zefriddenheetsëmfro deelhuelt,
  • Feedback zu aktuelle Funktionalitéite gitt,
  • Iddie proposéiert an iwwer d'Entwécklung vun zukünftege Funktionalitéiten ofstëmmt. 
Dir gesitt Echtzäitdaten. D'Zuel vun de Participanten gëtt kontinuéierlech fir Administrateuren aktualiséiert. Notéiert w.e.g. datt regelméisseg Benotzer cachedaten gesinn, wat zu liicht Differenzen an den Zuelen resultéiere kann.
294 Participanten

Phasen

Iwwersiicht vun de Phases
Phas 1: Zefriddenheetsëmfro
Zefriddenheetsëmfro
Phas 2: Är Meenung zu der Rubrik "Meine Dokumente"
Är Meenung zu der Rubrik "Meine Dokumente"
Phas 3: Är Bäiträg zu den aktuelle Funktionalitéiten
Är Bäiträg zu den aktuelle Funktionalitéiten
Phas 4: Analyse vun de Bäiträg
Analyse vun de Bäiträg
Phas 5: Réckmeldung zu de gemaachene Bäiträg
Réckmeldung zu de gemaachene Bäiträg

Réckmeldung zu de gemaachene Bäiträg

14. Mäerz 2023 11:00 PM - 15. Abrëll 2023 10:00 PM

Mir soen Iech Merci fir Är Virschléi iwwer déi aktuell Funktionalitéite vun der MyGuichet.lu App.

Mir invitéieren Iech hei ënnendrënner e puer Äntwerten op Är Propositiounen an Umierkungen ze fannen.

  • Zënter dem 23. Januar benoriichteg d'App Iech iwwert de Fortschrëtt vun enger Demarche (Zoumaache, Ufro fir zousätzlech Informatioun) oder wann Dir eng Kommunikatioun vum ëffentleche Secteur kritt. Wann dir dës uklickt, kommt Dir direkt op déi betraffen Demarche oder Kommunikatioun op der App. Dir kënnt dës Funktioun jee no Besoin aktivéieren oder desaktivéieren.
  • De Casier judiciaire, d'Residenzzertifikat an d'Zertifikat vun der Affiliatioun sinn iwwer d'mobil Applikatioun verfügbar. D'Offer vun Dokumenter déi elektronesch iwwer d'mobill Applikatioun verfügbar sinn gëtt permanent verbessert.
  • Geschwënn ass et méiglech sech mat der mobiler App iwwer Luxtrust Mobile ze konnektéieren, wat de Login méi einfach mécht.
  • Kuerzfristeg wäert et méiglech sinn d'Sprooch vun der mobiller App an den Astellunge vun der Applikatioun auszewielen.
  • Déi mobil App gëtt permanent ugepasst, fir d'Offer vun den Demarchen an Dokumenter ze komplettéieren.
  • Laangfristeg ass geplangt verschidde Funktionalitéiten ze verbesseren, wéi zum Beispill Rendezvous ze maachen, d'Gamme vu Prozeduren an der mobiller App ze vergréisseren an d'Sich ze verbesseren.