
De Biergerpakt verbesseren 2024 Hierscht
De Ministère fir Familljen, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil vu Flüchtlingen bitt senge net-lëtzebuergeschen Awunner d'Méiglechkeet dem Biergerpakt beizetrieden.
Desen ass op fir all volljäreg Persoun, déi zu Lëtzebuerg wunnt oder schafft. De Pakt bitt Zougang zum Programm fir d’interkulturellt Zesummeliewen.
D’Aschreiwung ass fräiwëlleg. Mam Beitrett engagéieren ech mech aktiv um interkulturellen Zesummeliewen zu Lëtzebuerg deelzehuelen. Duerch de Biergerpakt entdecken ech Lëtzebuerg, seng Sproochen, seng Traditiounen, seng Wäerter, seng Veräiner an nach ganz vill mei.
Fir den Biergerpakt mat Récksiicht op d'Bedierfnisser vun de Participanten weider z'entwéckelen an ze verbesseren, brauche mir Är Ënnerstëtzung.
Phasen
Äre Virschlag
Ënnerstëtzt eis bei der Weiderentwécklung vum Biergerpakt. Är Iddien a Meenungen si wichteg an interesséieren eis!
- Wéi kann den Biergerpakt vereinfacht ginn?
- Hutt Dir Virschléi wéi den Biergerpakt besser un d'Bedierfnesser vun den Immigranten zu Lëtzebuerg ugepasst ka ginn?
- Wéi eng Themen si wichteg fir Leit, déi nei an d'Land kommen?
Deelt eis Är Virschléi an hëlleft eis d'Integratioun zu Lëtzebuerg ze erliichteren.
Bevirstoend oder lafend Evenementer
Vergaangen Evenementer

Event Datum: November 9., 2024 vun 11:30 Auer bis 16:45 Auer.
Kirchberg Luxembourg
