Wiesselt op den Haaptinhalt
Zesumme Vereinfachen Home
Leider kënnt Dir net méi un dësem Projet deelhuelen well en archivéiert gouf en well e gouf archivéiert

De Guichet an Ärer Géigend

Ëffentlech Ëmfro

Aktuell kënnen d’ Bierger sech un de physeschen Accueil vu Guichet.lu, deen an der Rue Notre-Dame an der Stad Lëtzebuerg läit, wenden, fir all Froen iwwert d’Demarchen an d’Servicer, déi vun de lëtzebuergesche Verwaltungen an ëffentlechen Institutiounen ugebuede ginn. D’Ekippe vum Accueil hëllefen de Biergerinnen a Bierger bei den Demarchen a leeden si un déi zoustänneg Verwaltunge weider.

Fir dëse Service méi no bei all Bierger am Land ze bréngen, huet d’Regierung sech am Koalitiounsaccord verflicht, „zousätzlech physesch Guichet-Accueile an (…) verschiddene Regiounen unzebidden“.

An dësem Kader wëll de Ministère fir Digitaliséierung Är Besoine fir d’Ariichtung vun esou engem Guichet de proximité erausfannen, dat heescht eng administrativ Ulafstell bei Iech an der Géigend, deen en direkten Zougang an eng Assistenz ubitt, fir déi Leit, déi hir Demarchen net online maache kënnen oder wëllen..

Dir gesitt Echtzäitdaten. D'Zuel vun de Participanten gëtt kontinuéierlech fir Administrateuren aktualiséiert. Notéiert w.e.g. datt regelméisseg Benotzer cachedaten gesinn, wat zu liicht Differenzen an den Zuelen resultéiere kann.
7880 Participanten

Phasen

Iwwersiicht vun de Phases
Phas 1: Ëffentlech Ëmfro
Ëffentlech Ëmfro
Phas 2: Progrès vum Projet fir Guichets de proximité
Progrès vum Projet fir Guichets de proximité

Ëffentlech Ëmfro

17. September 2024 10:00 PM - 7. Dezember 2024 11:00 PM

An dëser Phas invitéiere mir Iech, eis ze hëllefen, e "Guichet de Proximité" auszeschaffen, e lokale Verwaltungsservice-Punkt, deen direkten Zougang an Hëllef zu ëffentleche Servicer ubitt fir déi, déi hir Demarche net online maache kënnen.

Mir bieden Iech d‘Ëmfro auszefëllen an domat zu dëser Initiativ bäizedroen.

D’Äntwerte ginn anonym behandelt, awer fir un der Enquête deelzehuelen ass eng gülteg E-Mail-Adress erfuerderlech.