Wiesselt op den Haaptinhalt
Zesumme Vereinfachen Home
Leider kënnt Dir net méi un dësem Projet deelhuelen well en archivéiert gouf en well e gouf archivéiert

De Guichet an Ärer Géigend

Ëffentlech Ëmfro

Aktuell kënnen d’ Bierger sech un de physeschen Accueil vu Guichet.lu, deen an der Rue Notre-Dame an der Stad Lëtzebuerg läit, wenden, fir all Froen iwwert d’Demarchen an d’Servicer, déi vun de lëtzebuergesche Verwaltungen an ëffentlechen Institutiounen ugebuede ginn. D’Ekippe vum Accueil hëllefen de Biergerinnen a Bierger bei den Demarchen a leeden si un déi zoustänneg Verwaltunge weider.

Fir dëse Service méi no bei all Bierger am Land ze bréngen, huet d’Regierung sech am Koalitiounsaccord verflicht, „zousätzlech physesch Guichet-Accueile an (…) verschiddene Regiounen unzebidden“.

An dësem Kader wëll de Ministère fir Digitaliséierung Är Besoine fir d’Ariichtung vun esou engem Guichet de proximité erausfannen, dat heescht eng administrativ Ulafstell bei Iech an der Géigend, deen en direkten Zougang an eng Assistenz ubitt, fir déi Leit, déi hir Demarchen net online maache kënnen oder wëllen..

Dir gesitt Echtzäitdaten. D'Zuel vun de Participanten gëtt kontinuéierlech fir Administrateuren aktualiséiert. Notéiert w.e.g. datt regelméisseg Benotzer cachedaten gesinn, wat zu liicht Differenzen an den Zuelen resultéiere kann.
7880 Participanten

Phasen

Iwwersiicht vun de Phases
Phas 1: Ëffentlech Ëmfro
Ëffentlech Ëmfro
Phas 2: Progrès vum Projet fir Guichets de proximité
Progrès vum Projet fir Guichets de proximité

Progrès vum Projet fir Guichets de proximité

7. Dezember 2024 11:00 PM - 23. Juni 2025 10:00 PM

No der ëffentlecher Consultatioun, déi vum Digitalisatiounsministère organiséiert gouf fir d'Dezentraliséierung vum physesche Guichet « Guichet.lu », deen an der rue Notre-Dame an der Stad Lëtzebuerg läit, huet den Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) en Opruff fir Kandidaturen lancéiert fir e mobilen Guichet zur Verfügung ze stellen, deen all Regioun vum Land eemol de Mount wäert ufueren.

D'Resultater vun der ëffentlecher Consultatioun hu kloer gewisen, dass et en administrativen Encadrement muss ginn, dee méi no bei de Bierger ass – besonnesch fir déi, déi Schwieregkeete mat Online-Prozeduren hunn. De mobile Guichet soll de Leit direkten Accès a personaliséiert Hëllef ubidden, fir eng Verwaltung am Déngscht vun allen ze garantéieren.

Den Opruff fir Kandidaturen ass op bis de 16. Juni 2025.

De Ministère fir Digitalisatioun bedankt sech bei de ronn 8.000 Biergerinnen a Bierger, déi un der ëffentlecher Consultatioun deelgeholl hunn a sou hir Besoinen an Attente matgedeelt hunn.