Wiesselt op den Haaptinhalt
Zesumme Vereinfachen Home

Entworf fir d'Strategie zur Upassung un d'Auswierkunge vum Klimawandel

De 15. November 2024 huet de Regierungsrot den Entworf fir d'Strategie zur Upassung un d'Auswierkunge vum Klimawandel geneemegt. Dëse Projet huet als Zil, Lëtzebuerg op déi onvermeidlech Auswierkunge vum Klimawandel virzebereeden, seng Resilienz ze erhéijen an seng Vulnerabilitéit géigeniwwer dëse Verännerungen ze reduzéieren.

De Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit huet a Kollaboratioun mat de betraffene Ministèren 131 konkret Moossnamen a 16 politeschen Handlungsfelder proposéiert. Fir dës Moossnamen ze verfeineren, huet d'Regierung eng Consultatioun vun der Ëffentlechkeet approuvéiert, déi thematesch Ateliere mat Acteuren aus dem privaten an ëffentleche Secteur versammelt.

De Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit organiséiert dës Atelieren a Partnerschaft mat: CELL (Citizens for Ecological Learning & Living), EBL (Ëmweltberodung Lëtzebuerg), IMS Luxembourg (Inspiring More Sustainability Luxembourg) a Klima-Bündnis Lëtzebuerg.

Dës Organisatioune leeden déi thematesch Atelieren a schafen domat Plaze fir Reflexioun an Austausch. D'Resultater vun dësen Ateliere gi vun de Partnerorganisatiounen zesummegefaasst an un déi jeeweileg Ministèren iwwermëttelt fir an déi final Klimaadaptatioun-Strategie integréiert ze ginn.

D'Consultatioun vun der Ëffentlechkeet fënnt online vum 2. Abrëll bis de 14. Mee. Zousätzlech ginn Ateliere fir de Grand-public organiséiert.

Phasen

Iwwersiicht vun de Phases
Phas 1: Consultatioun vun der Ëffentlechkeet
Consultatioun vun der Ëffentlechkeet

Consultatioun vun der Ëffentlechkeet

2. Abrëll 2025 10:00 PM - 15. Mee 2025 10:00 PM

Maacht mat bei der Entwécklung vun der Strategie zur Upassung un d'Auswierkunge vum Klimawandel a deelt Är Iddien a Meenungen:

  • Wéi kënne mir dës Strategie vereinfachen oder verbesseren?
  • Hutt Dir Virschléi fir besser op d'Bedierfnesser vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen oder schaffen, anzegoen?
  • Wat fir Themen si wichteg fir d'Leit, déi hei liewen oder schaffen?

Är Virschléi hëllefen d'Klimaresilienz zu Lëtzebuerg ze stäerken.

 

All Bäiträg ginn ausschliisslech benotzt fir d'Entwécklung vun der Strategie zur Upassung un d'Auswierkunge vum Klimawandel a ginn net publizéiert.

Evenementer

Vergaangen Evenementer

  • Event Datum: Februar 9., 2026 vun 15:00 Auer bis 17:00 Auer.

    Plaz

    Cercle Cité

    Registréiert

    1 Umeldung

  • Walferdange

    Event Datum: Mee 14., 2025 vun 17:00 Auer bis 19:00 Auer.

    Plaz

    Centre Culturel Prince Henri

    Registréiert

    45 Umeldungen

  • Hosingen

    Event Datum: Mee 5., 2025 vun 17:00 Auer bis 19:00 Auer.

    Plaz

    Centre écologique et touristique "Parc Housen"

    Registréiert

    19 Umeldungen

  • Event Datum: Abrëll 28., 2025 vun 17:00 Auer bis 19:00 Auer.

    Plaz

    Centre nature et forêt Ellergronn

    Registréiert

    21 Umeldungen

  • Steinfort

    Event Datum: Abrëll 23., 2025 vun 17:00 Auer bis 19:00 Auer.

    Plaz

    Centre culturel Al Schmelz

    Registréiert

    18 Umeldungen

  • Echternach

    Event Datum: Abrëll 2., 2025 vun 17:00 Auer bis 19:00 Auer.

    Plaz

    TRIFOLION Echternach - Centre Culturel

    Registréiert

    8 Umeldungen