
Enquête publique zu den Aktiounspläng géint de Kaméidi
Fënnef Projeten vun Aktiounspläng ginn der Ëffentlechkeet virgeluecht: d’Aktiounspläng géint de Stroossekaméidi, géint de Schinnekaméidi, géint de Fliigerkaméidi, souwéi géint Kaméidi an den Agglomeratioune Lëtzebuerg a vum Süden.
D’Pläng goufen no de Virgabe vun der europäescher Direktiv 2002/49/CE iwwert den Ëmweltkaméidi, déi an déi national Gesetzgebung transposéiert gouf, erstallt. D'Ausschaffung gouf vun der Ëmweltverwaltung (AEV) koordinéiert, mat Ënnerstëtzung vun engem interministerielle Kommitee a fënnef Aarbechtsgruppen.
Kaméidi ass déi zweet ëmweltbedéngt Quell vu Gesondheetsproblemer no der Loftverschmotzung. D’Direktiv fuerdert d'Kartéierung vum Kaméidi, d'Informatioun vun der Ëffentlechkeet an Aktiounspläng. D'Moossnamen zilen engersäits drop of, d’Belaaschtung ze prevenéieren (z.B. Stadtplanung, roueg Zonen, Bauvirschrëften), an anerersäits de Kaméidi op bestoende Punkten ze reduzéieren (z.B. Reduktioun vum Kaméidi un der Source, Schallschutzwänn, passiv Moossname wann néideg).
D’Aktiounspläng stellen d’national Strategie fir d’Preventioun an d’Sanéierung vu Kaméidisproblemer op Basis vun de strategesche Kaméidiskaarten duer. Si sinn Dokumenter, déi de Wëlle vun der Regierung ausdrécken, fir dem Kaméidi entgéint ze wierken.
- Aktiounsplang géint de Kaméidi vum Stroosseverkéier
- Aktiounsplang géint de Kaméidi vum Schinneverkéier
- Aktiounsplang géint de Kaméidi vum Flugverkéier
- Aktiounsplang géint de Kaméidi an der Agglomeratioun Lëtzebuerg
- Aktiounsplang géint de Kaméidi an der Agglomeratioun vum Süden

Phasen
Observatioune vum Public
D'projets de plans d’action si fir d''Enquête publique 60 Deeg laang accessibel. De Bierger kann se consultéieren an seng Observatiounen eraginn, sief et schrëftlech bei senger Gemeng oder iwwer d'national Plattform fir ëffentlechen Ëmfroen oder d'Plattform zesumme-vereinfachen.lu.
Bevirstoend oder lafend Evenementer
Vergaangen Evenementer
Event Datum: Juni 30., 2025 vun 15:30 Auer bis 17:30 Auer.
Centre Culturel
4 Umeldungen
